
Sponsored Run 2023
23.05.2023Bei beschtem Wieder konnten d'Schülerinnen a d'Schüler aus dem Kuebebongert de 19. Mee 2023 rëm um traditionelle Sponored Run deelhuelen.
D'Kanner aus dem Cycle 4 haten ee spezielle Warm-Up ageüübt an hunn esou dofir gesuergt, dass all déi aner Kanner aus dem Kuebebongert prett waren fir esou vill wéi méiglech Ronnen op engem Parcours ze lafen an esou Suen fir e gudden Zweck ze sammelen.
Ee besonnesch grousse Merci un all déi fläisseg Hänn, déi bei der Organisatioun an dem Oflaf vun dësem Sportevent gehollef hunn.
» Fotoen